Events

Ausstellung Seydina Issa Mbaye

ewb-gesellschaft

De Kënschtler Seydina Issa Mbaye präsentéiert seng Wierker ab dem 10.6.–10.7.23 an der ErwuesseBildung. Seng Konscht weist afrikanesch Landschaften a Personnagen, heiansdo abstrakt an heiansdo ganz konkret – virun allem awer: voller Faarf a Liewen.

Op der Vernissage (10.6., 18h00) erzielt de Kënschtler iwwert säi Land de Senegal a seng Konscht. Dozou bréngt hien senegalesescht Snacks a Gedrénks mat – fir all d’Sënner ass deemno eppes dobäi!

Date:10.06.2023Entry:FreeLocation:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.lu