Events

« Art Africain – le paysage du Sénégal »

ewb-gesellschaft

Eng Ausstellung vum Seydina Issa Mbaye

De Kënschtler Seydina Issa Mbaye präsentéiert seng Wierker ab dem 10. Juni bis den 10. Juli 2023 an der ErwuesseBildung. Seng Konscht weist afrikanesch Landschaften a Personnagen, heiansdo abstrakt an heiansdo ganz konkret – virun allem awer: voller Faarf a Liewen.

 

Ëffnungszäiten: Mo-Fr | 13:00-17:00 Auer

Méindes, den 3. Juli 2023 um 15h00,  kënnt Dir un enger Visite Guidée mam Kënschtler deelhuelen. W.e.g. mellt Iech dofir bei eis un: info@ewb.lu.

Seydina Issa Mbaye

De Seydina Issa Mbaye ass en autodidaktesche Moler a Kënschtler, deen am Senegal gebuer gouf. Säi Molstil ass zäitgenessësch mat enger Tendenz an d’Abstraktioun. Grell a waarm Faarwen zéien sech duerch all seng Biller. Seng Wierker spigelen souwuel säin heiteren wéi och säi reflektéierte Charakter erëm.

Well am jonken Alter huet de Seydina seng Passioun fir d’Zeechnen entdeckt. A senger Konscht dréckt de Seydina seng Léift fir Afrika aus. Den Ozean an d’Waasser hunn et him besonnesch ugedoen – Elementer, déi oft a senge Wierker opdauchen. Ausserdem fanne sech a senge Biller heefeg Mustere vun afrikaneschen Kleedungsstofter erëm. Seng Biller sollen net just eng Fënster duerstellen, duerch déi e Bléck op dat senegalesescht Liewen um Land gewonne gi kann. Et ass och fir de Moler selwer eng Méiglechkeet, fir de Kontakt mat senger Heemecht a sengem perséinleche Vécu ze halen. Den Drang ze molen entsteet, well dat senegalesescht Ëmfeld lieweg bleiwe soll an hien weiderhin dréit. Dës Energie vum Art Africain huet him schon dacks gehollef, aus Momenter vun Allengsinn, Trauregkeet oder op der Rees auszebriechen a säin Doheem duerch d’Faarw nees ze erliewen.

Och wann dem Seydina seng Heemecht säi kënschtlerescht Schafen staark beaflosst, sou huet hien sech awer Europa als Liewensmëttelpunkt erausgesicht. 11 Joer huet hien zu Rimini an Italien gewunnt éier säi Wee hien a Lëtzebuerg verschloen huet. Eigentlech wollt hien hei just kuerz Paus maachen – aus där Paus ass mëttlerweil e sechs-järegen Openthalt ginn. Gäeren denkt hien driwwer no, irgendwann nees an de Senegal ze goe fir nach méi Technike vun den heemesche Kënschtler ze léieren.

Datum:10.06.2023Eintritt:FreiAdresse:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.lu