Events

Film and Dinner Luxembourg Edition

ewb-gesellschaft

OFGESOT ! D’Event wäert zu engem spéideren Zäitpunkt nogeholl ginn. Stay tuned.

 

Een Owend mam Bady Minck

Zesumme mam Gudde Wëllen lancéiere mir de Film & Dinner 2023

Mir starte mat engem Film vu kenger anerer wéi der Bady Minck an hirer Produktiounsfirma Amour Fou. Präsentéiert gëtt de Film vum Bady Minck a vum Lëtzebuerger Filmkritiker Tom Dockal. Donierft kacht den Oekosoph eis eng Bouneschlupp – an am Gudde Wëllen bleift och keen duuschtreg.

 

Gewise gëtt den Documentaire „Empire me!“ vum Paul Poet.

Hutt Dir schonn eng Kéier gedreemt, ee Liewen fräi vu Routine, Konventiounen an Zwäng ze féieren?

Um Rand vun der Globaliséierung bauen sech e puer honnert selwer ernannte Staaten eng eege kleng Welt op. A Mikronatiounen, Ökodierfer an oftrënnege Staaten gesäit d’Gemeinschaftsliewe ganz anescht aus. A sengem Road Movie „Empire me!“ hëlt de Paul Poet d’Zuschauer*innen mat op eng Rees iwwert Land a Mier. Dobäi léisst hien eng Revolutioun an de Käpp aus …

De Paul Poet gouf den 3. Oktober 1971 an der Géigend vun Dubai gebuer. Säi Papp, een Uelegingenieur aus der Steiermark (Éisträich), huet hei geschafft. Wärend senger Kandheet am Ausland (Saudi-Arabien, Iran, London, Paräis, Lagos/Nigeria) huet hien d’Neigung vun de Mënschen zum Krich an der Ausbeutung vu Matmënschen kennegeléiert. Hien huet Philosophie a Journalismus studéiert. Zënter 1996 ass hien och als Filmrealisateur täteg.

Date:19.04.2023Time:18:00 till 21:00 o`clockRegister Until:18.04.2023Entry:25 €Location:De Gudde Wëllen

17, rue du St. Esprit
L-1475 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LU