Events

Mental Health an Depressioun

ewb-gesellschaft

Een Austausch-Owend

Biologesch Aflëss op eis Psyche

Ëmweltfacteure wéi Loftverschmotzung, Kaméidi oder chemesch Expositioune ginn ëmmer méi als relevant Cofacteuren an der Entwécklung vu psychesche Stéierungen erkannt. Nieft direkten neurobiologeschen Effekter beaflossen dës Facteuren och d’Perceptioun, d’Bewäertung an d’Stressveraarbechtung.

De Virtrag beliicht d’Wiesselwierkung tëscht biologeschen a psychesche Mechanismen am Kontext vun Depressioun an Angschtstéierungen. Besonnesch gëtt dorop agaangen, wéi ëmweltbedéngt Belaaschtungen an der klinescher Praxis erfaasst a psychotherapeutesch behandelt kënne ginn.

Am Mëttelpunkt steet eng integrativ, biopsychosozial Perspektiv, déi et erméiglecht, individuell Beschwerdebiller besser ze verstoen a gezielt therapeutesch Approchen ofzeleeden.

Referent: Jörg Wimpfheimer

Psychotherapeut, MSc Integrative Psychotherapy, Kognitiv Verhalenstherapie, EMDR-Therapeut

Schwéierpunkten: Angschtstéierungen, depressiv Entwécklungen a Burnout, Traumafolgestéierungen, Diagnostik a Behandlung vun ADHS am Erwuessenenalter, stressbedéngte Beschwerdebiller, Fluchangscht

Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Weider Owenter aus der Rei “Medezin & Ëmwelt am Dialog”:

Date:25.11.2026Time:18:30 till 20:00 o`clockEntry:gratisLocation:EwB asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:Scente.luLanguage:LU