Events

Zännmedezin nei denken

ewb-gesellschaft

Een Austausch-Owend

Materialien a Methode vun der biologescher Zännmedizin

Biologesch Zännmedezin geet dovun aus, dass de Mondraum net isoléiert vum restleche Kierper betruecht ka ginn: Metaller am Mond, wuerzelbehandelt Zänn a verbuerge Kiferentzündungen (FDOJ) kënnen als chronesch Stéierfelder op aner Organer a Systemer wierken. Am Géigesaz zur konventioneller Zännmedezin ginn dowéinst nëmme metallfräi, biologesch an immunologesch erdrobar Materialie benotzt, all Material individuell op de Patient oder d’Patientin getest, an de Kierper virun souwéi no der Behandlung geziilt ënnerstëtzt. Zil ass net nëmmen d’Reparatur vum Zant, mee d’Eliminatioun vun enger méiglecher Ursaach fir chronesch Erkrankungen – mat Bléck op de ganzen Organismus.

Referenten: Dr. Med. Dent. Hendrik Schwagten & Dr. Med. Dent. Sebastiaan Schwagten 

Dr. Med. Dent. Hendrik Schwagten: MSc Implantologie, MSc Orale Chirurgie, MSc Parodontologie, Spezialist für Biologische Zahnmedizin und Keramikimplantate, Umweltzahnmediziner, Gründer Kompetenzzentrum für Biologische Zahnmedizin (ZBZ.LU) und LuxBioHealth (2026)

Dr. Med. Dent. Sebastiaan Schwagten: Umweltzahnmediziner, MSc Implantologie und Orale Chirurige, Gründer Lux Biohealth (2026)

Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Date:16.12.2026Time:18:30 till 20:00 o`clockEntry:gratisLocation:EwB asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Cooperation with:Scente asblLanguage:LU