Events

Niklos Expo 2025

Zu Housen an der Nikloskierch

Konferenz, Programm fir d’Schoul a Familljen, Visite guidéeën…

PROGRAMM

Visitt guidéeë fir Gruppen

(fir Grousser a Klenger) op Ufro: T. 92 13 41 – 1 (Gemeng Parc Housen)

____________________

Den Niklosmaart an den Houseker

Vernissage mat Virtrag vum Gilles Thilgen, Geschichtskommissioun vun der Gemeng Parc Housen

21.11.2025 | 19 Auer an der Kierch

____________________

Dem Kleesche säin Iesel 

Liesung fir Kanner vun 3 bis 7 Joer mam Iesel Paco

23.11.25 | 15.00 oder 16.15 hannert der Kierch zu Housen (ënnert engem Zelt)

Dem Kleesche säin Iesel, de Paco, kënnt op Besuch op Housen hannert d’Kierch. D’Kanner kréien zwou Geschichte mat interaktiven Elementer erzielt. A fir dass et net ze kal gëtt, gëtt sech mat engem Schocki gewiermt. Een Event, bei dem ee vill Wëssenswäertes iwwert den Iesel a Co. gewuer gëtt.

  • fir jeweils 20 Kanner (C1/C2) an Elteren, déi sollen dobäi bleiwen
  • gratis mat Umeldung: T. 92 13 41 –1 (Gemeng Parc Housen)

____________________

Groussen Niklosmaart mat Besuch vum Kleeschen

Visite guidéeën a Liesungen an der Kierch

30.11.2025 | 14-17 Auer virun der Kierch

Organisatioun: EwB a Kooperatioun mat der Por Parc Our Saint-Nicolas

Mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Parc Housen, dem Kulturministère a villen aneren.

Date:21.11.2025 - 30.11.2025Entry:gratisLocation:Niklos-Kierch
Housen
Information:laure.simon@ewb.lu