Events

Zauberschoul am Bësch

ewb-familien

Opgepasst: Dësen Event gouf wéinst dem wieder verréckelt. Den neie Rendez-vous ass den 12.07. Umeldunge sinn nach méiglech.

Inspiréiert un enger brittescher Zauberfigur dréit sech dësen Nomëtteg ëm Zauberei! Wien an der Schoul ugeholl wëll ginn, muss vir d’éischt emol beweisen, wat e kann. No enger Schnitzeljuegd am Bëschgeet et weider an Atelieren, an deene Kanner an Erwuessener sech a magesche Fächer ausprobéieren dierfen. Wann alles gepackt ass, kënnt d’Festiessen (mat veganen Optiounen) an den Dag kann a Rou auskléngen.

Opruff: Mir siche Benevoller fir ee magesche Famillennomëtteg!

Sidd Dir Fan? Oder spruddelt Dir vun Iddien? Hutt Dir Loscht Famillen, oder souguer Är eege Famillen duerch een Nomëtteg voller Zauber, Spiller a Magie ze begleeden? Egal op Zaubertränk brauen, Quidditch-Schidsrichter ginn oder eis mat gudder Laun ënnerstëtzen…mir freeën eis op Iech!

Date:12.07.2025Time:15:30 till 19:00 o`clockRegister Until:04.07.2025Entry:Kanner: 5 Euro
Erwuessener: 7 Euro
Location:Haasseler ChaletInformation:info@ewb.luLanguage:Luxemburgisch, DeutschTarget Audience:Eltern mit Kindern zwischen 4 und 11 Jahren