News

EwB kritt 50 Joer

18.12.2022

Mir feiere 50 Joer ErwuesseBildung! Eist Zil war et nach ëmmer, di grouss Liewensfroen an der Gesellschaft ze thematiséieren. Mat Hëllef vu Bicherkëschten huet de Jean Leyder den Ufank gemaach an 1972 si mir mat engem éischte Stand op der Oktav offiziell an d’Ëffentlechkeet getrueden. Nodeems d’Asbl als „Info-Video-Zenter“ vill an der Mediefërderung a -sensibiliséierung am Bezuch op Kanner an hir Elteren geleescht huet, ass 2009 de Choix op den Numm „ErwuesseBildung“ gefall.

Bis 2015 war d’ErwuesseBildung e Service vun der Kierch, zanterhier gi mir vum Bistum am Kader vun enger Konventioun ënnerstëtzt. Parallel hate mir zanter 1986 weider Konventiounspartner. De gréissten dovu war wärend 25 Joer de Ministère de la Famille, bis mer elo beim Ministère de l’Education, de l’Enfance et de la Jeunesse ugesidelt goufen. Weiderhin ënnerstëtzen eis d’Stad Lëtzebuerg an de Ministère de la Digitalisation. An deene 50 Joer ass vill geschafft an erreecht ginn, et hu vill Leit un eisen Aktivitéiten deelgeholl, sech bénévol bedeelegt an och haaptamtlech bei eis geschafft. Programmer sinn ausgeduecht a realiséiert ginn – ëmmer mat deem Wonsch, dem Mënsch eng Begleedung bei senger perséinlecher a gesellschaftlecher Entwécklung ze bidden.

Mir organiséieren speziell ëffentlech Evenementer am Kader vum Jubiläum:

– 16.11.: „Glauben, Wissen, Denken“ , ein Vortrag von Robert Theis.

– 30.11. (ab 18 Uhr): Table Ronde d’Anniversaire: „Fir wat steet ,Bildung‘ an der ErwuesseBildung?“‍

Participanten ënnert anerem:

Prof. Dr. Dr. h. c. Julian Nida-Rümelin. Philosoph, Direktor am Bayerischen Forschungsinstitut für digitale Transformation, Staatsminister für Kultur a.D., stellvertretender Vorsitzender des dt. Ethikrats
Jürgen Stoldt. Politologe und Mitherausgeber des forum
Hanady Salhab. Expertin für Interdisziplinarität und Kompetenzendes 21. Jh., Lehrende im Lycée Edward Steichen Clervaux
Dr. Dany Weyer. Experte für Partizipation und kulturelle Bildung
Moderiert von Dr. Nora Schleich. Programmkoordinatorin der EwB

Des Table Ronde fënnt statt am Centre Convict / Salle Marie-Thérèse (5, Avenue Marie-Thérèse, L-2132 Luxembourg) .

Mir hunn nach Plazen fräi. Den Eveent ass gratis. Mellt iech hei un: info@ewb.lu

‍- Reflexioun: „States of Mind? Iddien a mënschlech Liewensentwécklung“, en Owend mam Christopher Lilyblad (Expert fir Développement Durable). Termin auf 2023 verschoben!