Events

Christine de Pizan – Eng Liesung

ewb-gesellschaft

 

!! D’Liesung mam Norbert Campagna gouf leider annuléiert. !!

 

Wien war d’Christine de Pizan? A wat kënne mir haut vun hir léieren?

D’Christine de Pizan (1364 – ëm 1430) ass fir hiert literarescht Wierk bekannt. Si huet deemools schonn en theoretescht Denken zur Fro entwéckelt, wat eng gutt Regierungsform si kéint. Nieft hirer Poesie huet si Traitéen geschriwwen, déi een an dësem Buch unhand vun ville Versen a Prosa entdecke kann: Et léiert een eng Autrice kennen, där de Respekt tëscht Fraen a Männer vill bedeit, wéi och méiglech Friddensrelatiounen tëscht deene Fraktiounen, déi Frankräich deemools mat bluddegen Streidereien ziddere gelooss hunn. Ee Joerhonnert virum Machiavelli war d’Christine de Pizan Beroderin vun de Prënzen an huet sech am politeschen Debat behaapt, wat zu där Zäit eigentlech onvirstellbar war.

Haut den Owend wäert den Norbert Campagna säin neit Buch iwwert d’Christine de Pizan virstellen. Nierft enger Liesung wäert genuch Raum fir Diskussioun bleiwen.

Mir freeën eis op den Austosch!

Den Norbert Campagna huet fir di selwecht Rei Bicher iwwert den Thomas Hobbes an den Michel Villey geschriwwen. Donierwt huet hien weider iwwer 30 Bicher publizéiert oder editéiert. Hien ass promovéierte Philosoph an aktiv an der Fuerschung, wéi och Professeur-associé op der Universitéit Lëtzebuerg an am Lycée des Garçons vun Esch.

Sot eis wegl. Bescheed, ob Dir kommt: eng Umeldung wier favorabel.

Datum:25.05.2023Zeit:18:30 bis 20:00 UhrAnmeldung bis:24.05.2023Eintritt:fräiAdresse:ErwuesseBildung

5 av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU