Lëschteg Liesung fir Familljen mam Autor Marc Weydert
De Buchpräisgewënner Marc Weydert liest aus senge Bicher Krixkrax a BILL! vir
De bekannten Auteur liest aus sengem Bestseller Krixkrax (Buchpräis 2025) a sengem neie Buch BILL! vir. A Reimer geschriwwen a mat vill Humor virgedroen, hëlt hien d’ganz Famill mat op eng Rees an zwou witzeg a fantasiereich Geschichten.
Am éischte Buch geet et ëm eng märchenhaft Erzielung vun engem Kinnek, deen un enger ganz komescher Krankheet leit an nëmmen nach op d’Hëllef vun der Hex Krixkrax hoffe kann. Mee si wunnt an engem héijen Tuerm, ouni Dier an ouni Leeder, an et schéngt keen eng Iddi ze hunn, wéi een déi gutt Hex erreeche kann.


Am zweete Buch, BILL!, geet et ëm en Hond mat ganz villen Talenter … just ee schéngt him ze feelen. Mee mécht dat hien elo manner besonnesch? „Hie ka kachen, strécken, danzen … souguer miauen ewéi eng Kaz. Just eppes kann hien net: billen.“
Zwou Geschichten, déi net nëmmen ënnerhalen, mee och den A op dat Wichtegt am Liewen opmaachen. Eng wonnerbar Geleeënheet, de Marc Weydert a seng Bicher perséinlech kennenzeléieren.
De Marc Weydert ass Diplompedagog a Schoulmeeschter vu Formatioun. Duerch säi Beruff
interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur a fir d’Liesfërderung bei Kanner.
Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch a verdréint bekannte Märercher a Geschichten, fir eppes Neits draus ze maachen.

WIERKER
Verdruddelt Geschichten
Marc Weydert (Texter a Musek) a Marie-Isabelle Callier (Illustratiounen)
Perspektiv Editions, 2022, ISBN 978-2-919813-06-3
1er Präis « Kannerbicher », Concours littéraire national 2021
Top 5 Lëtzebuerger Buchpräis 2022
Zerknujelt Geschichten
Marc Weydert (Texter a Musek) a Marie-Isabelle Callier (Illustratiounen)
Perspektiv Editions, 2023, ISBN 978-2-919813-37-7
Top 5 Lëtzebuerger Buchpräis 2023
Alarm am Geessenhaus (mat Audiobuch)
Marc Weydert (Texter a Musek) a Laure Demontis (Illustratiounen)
Editions Schortgen, 2024, ISBN 978-2-919792-75-7
KRIXKRAX (mat Audiobuch)
Marc Weydert (Texter a Musek) a Patty Thielen (Illustratiounen)
Perspektiv Editions, 2025, ISBN 978-2-919813-90-2
Lëtzebuerger Buchpräis 2025, Kanner- a Jugendbuch (Juryspräis)
Lëtzebuerger Buchpräis 2025, Kanner- a Jugendbuch (Publikumspräis)
Land in Motion
Marc Weydert
Texter fir d’Ausstellung mam selwechten Numm
Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art (MNAHA)
Juli 2025-Januar 2026
D’Geheimnis vum Stau
Marc Weydert (Text), Ivan Boumans (Musek), Caroline Richards (Regie)
Erzieltheater fir Kanner vu 4-8 Joer
Commande Philharmonie Lëtzebuerg
Mäerz 2026
5, av. Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Eltereforum und Unterstützung von MenjeSprache:LëtzebuergeschTrainer*in:Marc WeydertZielgruppe:Familien mit Kindern zwischen 3 und 7 JahrenMaximale Teilnehmer:40




