Ernärung als verstoppte Basis
Een Austausch-Owend
Vun Närstoffer, dem Daarm an der systeemescher Gesondheet
« So mir wat’s du ëss, da soen ech dir ween’s du bass », ass e Sproch deen nawell e grousse Kär Wouerecht a sech huet. An effektiv, eist d’Iessverhalen huet vill domadder ze di wei mir als Persoun sinn an awer virun allem wéi a wou mir opgewuess sinn. Eis d’Iessverhale gëtt vun enger helle Wuel u Faktore beaflosst, wou di meescht eis mol guer net bewosst sinn.
Dëse Virtrag beliicht di verschidden Aflossfaktoren vun eisem Iessverhalen a geet op d Konsequenzen dovunner an, betreffend eisem haitegen Ëmweltkontext. Wat bedeit dat fir eis Gesondheet a wat kenne mir selwer maache fir gesond ze bleiwen, sinn nach aner Aspekter vun dëser Presentatioun.
Mir kucken awer och wat dann eigentlech gesond iesse bedeit an d’Roll vum Daarm an dësem Kontext.
Referent: Sven Majerus
Diététicien, Licence en Sciences de la Santé Publique à l’Université de Liège, orientation « promotion de la santé »
Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Weider Owenter aus der Rei „Medezin & Ëmwelt am Dialog“:
- 14.10. Scente.lu – Medizin & Ëmwelt
- 04.11. D’Zänn an de Kierper. Eng wichteg Verbindung
- 25.11. Mental Health an Depressioun
- 16.12. Zännmedizin nei denken
- 13.01. Chronesch Entzündungen an Infektiounen
- 10.02. Baubiologie haut: Méi wéi Schimmel
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Scente asblSprache:LU




