Events

Maach däi Billerbuch-Charakter

ewb-familien

Een Event fir d’ganz Famill: Erschaf däin eegene Buch-Charakter mat der estnescher Illustratorin Ave Clesen-Schmidt

Ëmgi vun der Billerausstellung vun der Illustratorin Ave Clesen-Schmidt fanne Kanner ewéi Elteren oder Grousselteren Inspiratioun fir sech op d’Sich no hirem ganz eegene Buch Charakter ze maachen. Deen ze fannen ass guer net esou einfach. Mee zum Gléck huet d’Ave Clesen-Schmidt sou munch Aktivitéite fir de Geescht wakereg ze këddelen an d’Kreativitéit nëmmen esou spruddelen ze loossen.

An enger gemittlecher Atmosphäre voller fluffeger Këssen a Decke kréien d’Famille Material zur Verfügung gestalt fir hirer Kreativitéit fräie Laf ze loossen.

Wichteg: Wéi een Bild aus Billerbicher inspiréiert dech? Mir invitéieren dech däi Liblingsbillerbuch mat ze brengen.

De Workshop fënnt op Lëtzebuergesch an Englesch statt.

EN

Surrounded by pictures from the exhibition by illustrator Ave Schmidt, children, parents and grandparents will find inspiration to find their very own book character.

Finding one is not that easy. But fortunately, Ave Clesen-Schmidt has plenty of activities to tickle the mind and get the creative spark firing.

In a cozy atmosphere full of fluffy pillows and blankets, the families are provided with materials to live out their creativity.

Important: Which pictures from children’s books inspire you? Bring your favorite children’s book with you!

The workshop takes part in Luxemburgish and English.

Dësen Event fënnt am Kader vun Growing together vun der EwB statt. Méi Informatiounen fannt Dir hei …

A Kooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Datum:19.10.2024Zeit:14:00 bis 15:30 UhrAnmeldung bis:18.10.2024Eintritt:Gratis

Mir géifen eis iwwert ee klengen Don freeën.
Adresse:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU/ENTrainer*in:Ave Clesen-SchmidtZielgruppe:Kanner (8 – 12 Joer) an hier Vertrauenspersoun (Elteren, Grousselteren, Nanny, … )