Events

Oktav-Quiz

Ee Quiz fir Grouss a Kleng iwwert a wärend der Oktav!

Wärend der Oktav huet d’EwB ewéi all Joer hiert Bicherzelt am Bannenhaff vun der Kathedral. Fir d’Visitt méi interessant ze gestalten gëtt et ronderëm d’Kathedral an d’Oktav ee Quiz.

Ze gewanne gëtt et eist Buch Vu Klacken, Klibberen a Kleeschen. 10 Gewënner*innen ginn no der Oktav gezunn a kënnen d’Buch bei eis an d’EwB siche kommen oder kréien et Heem geschéckt.

Wärend der ganzer Oktav-Zäit kënnt Dir um Quiz deelhuelen:  20.04.2024 – 05.05.2024.

De Quiz souwéi weider Informatiounen fannt Dir bei eis am Bicherzelt (am Bannenhaff vun der Kathedral).

Datum:20.04.2024 - 05.05.2024Eintritt:FreiAdresse:Bicherzelt

Am Bannenhaff vun der Kathedral Notre Dame

4a, rue de la Congrégation
L-1352 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU/DE/FR/ENG