Events

Pen to Brain

ewb-koerpergeistseele

MEDITATIIVT ZEECHNEN

Workshop mam Myriam Otto

Am Pen to brain setze mir eis op eng kreativ Aart a Weis mam Thema Gléck auserneen. No enger klenger Aféierung an d‘Method vum neurographeschen Zeechne leeë mir direkt lass: mat Hëllef vu fléissende Linnen, einfache Formen an e bëssche Faarf schaaft jidderee sech säi Bild zum Thema andeems ech iech duerch äre kreative Schafungsprozess leeden. An enger gemittlecher Atmosphär kann een op eng aussergewéinlech Manéier fir e kuerze Moment de Kapp ausschalten, zur Rou kommen a sech eng kleng Auszäit vum Alldag gënnen.

D’Neurographik bitt d’Méiglechkeet, op eng einfach an entspaante Manéier Virstellungen, Ziler an Häerzenswënsch ze formuléieren, dëst wärend enger aktiver Meditatioun. Entspanungsübungen rënnen d’Aktivitéit of.

D’Séancen sinn 3h laang a ginn mat Meditatiouns- an Otemübungen ageleed. D’Material gëtt zur Verfügung gestallt.

Umeldung bis 2 Woche virum Start vun der éischter Séance.

„De kreativen Ausdrock begleet mech scho vu klengem un an ënnerschiddleche Konschtformen, wéi der Musek, dem Molen oder dem Danzen. No mengem Bachelor als Sozialpedagogin hunn ech iwwer aacht Joer am klassesche Sënn vum éducateur gradué geschafft fir du meng éischt Schrëtt an d’Selbstännegkeet ze woen. Duerch Zoufall sinn ech op d’Method vun der Neurographik gestouss, hunn 2021 meng Weiderbildung als éischt Neurographikspezialistin vu Lëtzebuerg ofgeschloss an integréieren dës Method op verschidde Manéieren a meng Aarbecht zur mentaler Gesondheet.“ Myriam Otto

 

 

 

 

 

Termine:11.03, 18.03, 01.04Zeit:09:30 bis 12:30 UhrAnmeldung bis:04.03.2023Eintritt:210Adresse:ErwuesseBildung

5, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luSprache:LU, DE