Neiegkeeten

Tabu Thema: Demenz an déi wäiss Trauer

28.11.2024

Ufank November 2024 huet d’EwB a Kooperation mam Info-Zenter Demenz an der Association Luxembourg Alzheimer eng Table Ronde organiséiert, déi d’Tabu Thema “Demenz an déi wäiss Trauer” ugaangen ass.

Et hunn diskutéiert:

  • Christine Dahm-Mathonet (Direktesch vum Info-Zenter Demenz)
  • Claudine Wolff (Benevole an der Alten- a Krankepastoral)
  • Marc Mausen (verwannt mat enger un Demenz erkrankter Persoun)

Moderatioun: Nora Schleich (Programmkoordinatorin EwB)

Dat ganzt Gespréich gouf opgeholl. Luusst bis eran:

Wann Dir Froen oder Umierkungen zur Table Ronde hutt, da mellt Iech gäre bei eis (nora.schleich@ewb.lu).

E puer Fotoen vum Owend: