Eventer

« A colônia luxemburguesa »

ewb-gesellschaft

Den 18. September weise mir ab 17:30 den Dokumentarfilm « A colonia luxemburguesa » an der Presenz vun der Cineastin an Historikerin Dominique Santana. Duerno gëtt et en Aperitif an d’BRASILUX asbl erëffnet eng Ausstellung zum Liewen a Wierken vum Joao/Johny Geisen a Brasilien.

De Lëtzebuerger Johny Geisen huet sech säit senger Grënnung aktiv fir de Mouvement des Communautés Populaires (MCP) agesat.

Vill Lëtzebuerger Veräiner hunn hien dobäi ënnerstëtzt. Nieft BRASILUX, déi d’Ausstellung initiiéiert hunn, sinn dëst och d’ASTM (Action Solidarité Tiers Monde), d’SHR (Solidaresch Hëllef Réiserbann), d’SAE (Solidaresch Aktioun Eechternach) a partage.lu (fréier Bridderlech Deelen).

D’Ausstellung ka bis de 26. September 2023 an der EwB besichtegt ginn.

Datum:18.09.2023Zäit:17:30 bis 21:00 AuerUmelle bis:18.09.2023Entrée:FräiAdress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luA Kooperatioun mat:BRASILUX asblSprooch:LU