Eventer

Chrëschtconcert « Christmas Carols »

De Chrëschtconcert an der Méchelskiech gët gesonge vun den Amis du Chant ënner der Leedung vum François Theis, a mat der Begleedung vum Luxembourg Brass Ensemble an dem Laurent Felten op der Uergel. Um Programm stin bekannt a manner bekannt englesch Chrëschtlidder – „carols“, grad esou wéi international Chëschtlidder aus allen Häre Länner, déi vu bekannten engleschen Komponisten arrangéiert goufen. E Chrëschtconcert fir nët ze verpassen!

 

Déi éischt Aktivitéite vum Vokalensembel “Les Amis du Chant Luxembourg” gin an d’fréi 1970er Joren zréck, wou sech e puer Frënn regelméisseg getraff hunn, fir sech mat enger gemeinsamer Leidenschaft, dem Chouergesang, ze widmen. Wann d’Aktivitéite vum Ensembel fir d’éischt op de musikaleschen Encadrement vun Hochzäitsmessen a geleeëntleche Concerte limitéiert waren, hunn d’Verpflichtungen sech iwwer d’Jore multiplizéiert an diversifizéier bis en 1978 offiziell gegrënnt gouf an den 8. November 1980 den éischte Concert als “Les Amis du Chant Luxembourg” presentéiert huet. Zënter 1978 huet de Vokalensembel “Les Amis du Chant Luxembourgsng “, deem  seng Zuel vu Sängerinnen a Sänger am Laaf vun de Joeren  vun 13 op 28 eropgaang ass. Den Ensembel huet sech virun allem zu Lëtzebuerg mat sengen traditionellen Chrëschtconcert’en « Christmas Carols » – Chrëschtlidder, déi vun 1992 un all Joer am Conservatoire stattfonnt hun, esou wéi a verschiddenen Uertschaften am Land, e grousse Numm  geschaaf.

Gegrënnt 1996, bréngt d’Formatioun “Luxembourg Brass Ensemble” zéng renomméiert Museker zesummen, déi passionéiert sinn fir Blechbléisermusek. Den Ensembel huet aussergewéinlech dynamesch Mëttelen, déi all Publium verféieren. Eng Formatioun mat engem breeden a genialen Toun, huet  de “Luxembourg Brass Ensemble” eng wichteg Plaaz souwuel an der klassescher Musek wéi an de Wierker vun der zäitgenëssescher Musek fonnt. De Patrimoine vum Ensemblee ass sou grouss wéi variéiert ass. Jee no Bedierfnesser gesellen sech zum Ensembel och nach zwee Percussionisten…

Den Organist Laurent Felten, gebuer 1976, huet seng musikalesch Studien am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ugefaangen, wou hien e puer éisch Präisser gewonnen huet ( Uergel, Cembalo, Harmonie, Kontrapunkt, Fugue…). 1996 krut hien an der Klass vum Alain Wirth de Prix Supérieur p der Uergel mat Auszeechnung. Säi Museksstudium huet hie weider am Conservatoire Royal vu Bréissel, an der Uergelklass vum Jean Ferrard a Xavier Deprez, wou hien den Éischte Präis an der Uergel. Hie kruut 2001 den Norbert Stelmes-Präis vun de JML zu Lëtzebuerg an huet 2002 säi Studium um Bréisseler Conservatoire mat engem Prix Supérieur op der Uergel mat grousser Distinctioun ofgeschloss. Vum Alter vu  14 Joer un wor de Laurent Felten schon Organist vun der Porkierch um Cents. Tëschent 2000 an 2015 war hien Organist an der St. Martinskierch zu Diddeleng an zënter 2011 Titulaire an der Porkierch zu Jonglënster.

Fir secher ze sinn eng gudd Plaaz ze kréien kann elo schons réservéieren beim Comité Alstad um Telefon 46 61 88 oder E-Mail comite.alstad@pt.lu

Datum:17.12.2023Zäit:16:00 AuerEntrée:30 €Adress:Méchelskierch um Fëschmaart

Staat Lëtzebuerg
Informatioun:comite.alstad@pt.lu.