Eventer

D’Kleesercherstraditioun fréier an haut, fir Grouss a Kleng

Participatioun um Dag vum liewege Patrimoine

De Kleeschen ass immens beléift. D‘Traditioun ronderëm säin Éierendag gëtt a ville Familljen héisch gehalen, woubäi all Generatioun en e bëssen anescht feiert. Hie verschenkt nawell gären Orangen an déck Nëss. Hien dréit esou een héijen Hutt an ee laange Baart. Firwat eigentlech? Wat maachen déi Kanner an der Biidchen nieft him op de Statuen?

Mat engem Bicherdësch fir Kanner an Erwuessener, lieweg verzielte Geschichten am Lieseck, enger klenger Ausstellung iwwer seng Verwuerzlung an der Lëtzebuerger Konscht a Kultur an engem Quiz ginn op spilleresch Manéier seng Hierkonft a seng Legenden fir Grouss a Kleng erläutert.

De ganzen Dag iwwer ass och d’Kleeserchersmarionette mam Carine Schmit-Kayser op Besuch a weist de Kanner, wat et mat der Traditioun vum Schong eraussetzen op sech huet.

Weider Informatiounen zum Dag vum Immaterielle Kulturierwen fannt Dir hei.

Datum:30.09.2023Zäit:10:00 bis 18:00 AuerEntrée:FräiAdress:Centre culturel de Rencontre
Abbaye de Neumünster

28 rue Münster
Lëtzebuerg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU