Eventer

D’Kleesercherstraditioun op der Musel

Journées européennes du patrimoine 2023

Visite-Conférence mat musikaleschem Encadrement

Den Niklos hat schonns ëmmer eng besonnesch Roll op der Musel, waren d’Leit dach de Laune vum Floss ausgesat an hunn dofir op ee Patréiner gesat, deen sech schonns zu senge Liefzäiten ëmmer fir d’Leit beim an um Waasser agesat huet. Ganz besonnesch d’Schëffersleit hunn sech ënner säi Schutz gestalt. An der Kleesercherstraditioun kënnt hien all Joer mam Schëff bei d’Kanner.

Den Deche Claude Bache werft e Bléck op den historesche Personnage an e puer vu senge Leegenden, de Lokalhistoriker Ben Ferring geet op d’Kleesercherstraditioun iwwert d’Zäit op der Musel an a féiert duerch d’Kierch mat hirem wäertvolle Mobilier, déi um Enn vum 18. Jh am barock gebaut gouf. D‘Geschichtsfrënn Mäertert/Waasserbëllig bedeelegen sech mat enger Ausstellung vun ale Fotoen.

D‘Chorale Municipale Sängerbond Museldall suergt fir de passende musikaleschen Encadrement. Direktioun: Viviane Kohn-Hames, Piano: Máté Sütö.

 

Treffpunkt op der „Spatz“ bei der Bréck (Esplanade de la Moselle), duerno geet et an d’Bëlleger Martinskierch (Distanz 400 m)

 

Méi Informatiounen zu dësem Event an de Journées européennes du patrimoine fannt Dir hei.

Datum:01.10.2023Zäit:16:00 bis 17:30 AuerEntrée:FräiAdress:Wasserbillig

«op der Spatz» (Esplanade de la Moselle)
an duerno an der Bëlleger Martinskierch um Eck Grand-Rue/rte d'Echternach
Informatioun:info@ewb.luA Kooperatioun mat:Par Musel a Syr Saint-JaquesSprooch:LU