Eventer

Foto-Atelier mam Anna Krieps

ewb-gesellschaft

Wéi kritt ee Fotoen op Holz transferéiert?

Fotoprints op Pabeier kennt wuel jiddereen. Mä wéi gesäit et mat Holz aus? Ass et méiglech, eng Foto op e Stéck Holz ze kréien? D’Äntwert ass: Jo! Wéi genau dat geet, weist an erkläert Iech d’Fotografin Anna Krieps.

Dat eenzegt, wat Dir matbrénge musst, ass eng Foto (als Print), déi Dir op Holz transferéiere wëllt.

Nom Atelier ginn déi fäerdeg Wierker an der EwB ausgestallt. Méi Informatiounen heizou kommen nach no.

Den Atelier ass oppe fir jiddereen. Et si keng Virkenntnesser néideg.

Anna Krieps

D’Anna Krieps ass eng Fotografin an Art Director aus Lëtzebuerg.

An hirer fotografescher Aarbecht konzentréiert si sech fir den Iwwergang vum ënneschste Wonsch an de kollektiven Dram an ëmgedréint – vum onendlech Klengen zum onendlech Groussen.

Méi Informatiounen iwwert d’Anna Krieps fannt Dir hei.

Anna Krieps
Datum:08.06.2024Zäit:16:00 bis 18:00 AuerEntrée:Gratis.

Iwwert e klengen Don géife mir eis freeën.
Adress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU/DEFormatrice/Formateur:Anna KriepsZielgrupp:Kleng & Grouss