Eventer

Info-Owend Smart Home an Energie-Monotoring

Wéi kann een de Stroum- oder Waasserverbrauch moossen? Wéi vill kascht en Tour an der Wäschmaschinn?

Réischt wann een e Gefill huet, wou Energie benotzt gëtt, kann ee wëssen wou et Sënn mécht, ze spueren. Mir kucken, wéi Smart Home funktionéiert, a wéi et eis hëllefe kann, de Konsum ze moossen a bildlech duerzestellen. Sou kënne mer eise Bedarf iwwerdenken an de Solarstroum optimal notzen.

Iwwerdeems kann Automatisatioun hëllefen, Ressourcen ze spueren. Dofir brauch ee keng sophisitiquéiert Informatik-Kenntnesser, just e puer Grondlagen. Et ginn fäerdeg Geräter, déi engem dat ofhuelen, an déi awer horrend deier sinn. Alternativen am Do-it-Yourself sinn awer do: Den Olivier Koos an de Lynn Bayer sinn säit enger gudder Zäit passionéiert am Thema Smart Home an Home Assistant amgaang an hunn eeneges u Wëssen ugesammelt – dat si gären op dësem Info-Owend weiderginn. Wéi kann ech mäin Auto just mat Solarstroum lueden? Wéini gëtt et am bëllegsten, d’Spullmaschinn lafen ze loossen?

Si weise praktesch, wéi dës Systemer funktionéieren a stelle sech gären mat Iech weider Froen.

Dësen Info-Owend ass an der Serie Info-Owender zum Thema Nohaltegkeet an Naturverbonnenheet; ënnert anerem als Uschloss un d’Thema Solarenergie an Energiespäicher an och am Virfeld vum Owend zu Low- an Energy-Architektur (21.6.).

 

Entrée: Mir proposéieren 15€, Dir gitt, wat Dir fir ubruecht haalt.

Datum:07.06.2023Zäit:18:00 bis 20:00 AuerEntrée:15 €Adress:ErwuesseBildung

5, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU / DE