Eventer

Kleesecherstraditioun

Eng oppe Formatioun iwwert den Niklosdag

Den Niklosdag ass säit 2019 Deel vum nationalen Inventar fir d’immateriellt Kulturierwe vu Lëtzebuerg.

Am Kader vun der Woch vum immaterielle Kulturierwe luet d’EwB Iech zu enger Formatioun iwwert d’Kleesecherstraditiounen an. Hei gitt Dir alles iwwert d’Fakten an Legenden vun dëser historescher Figur gewuer a léiert, wéi sech dëst Wësse regional entwéckelt hunn. Zum Schluss wësst Dir genau iwwert Kleesecherstraditioune Bescheed an hutt alleguerten d’Informatioune fir eng authentesch Kleeserchersfeier op d’Been ze stellen.

Jiddereen ass Wëllkomm, deen an der Schoul/Maison Relais oder am Kader vun enger Gemeng, am Commerce oder Doheem eng Kleeserchersfeier fir Kanner organiséiert oder sech generell fir dat Thema interesséiert.

Mam Laure Simon & Leslie Fischbach

 

Weider Informatiounen zu dëser Formatioun an de Journées européennes du patrimoine fannt Dir hei.

Datum:26.09.2023Zäit:14:00 bis 17:00 AuerUmelle bis:22.09.2023Entrée:gratisAdress:Erwuessebildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU