Eventer

Ku-Ki-Li-Co : Téi-Zeremonie fir Kuscheldéieren

ewb-familien

Ee Samschdegmoie fir d’Kanner mat Kuscheldéieren a klenge Leckereien.

Wat géife mir ouni eis Kuscheldéiere maachen? Ouni si schléift et sech net esou gutt a mat hinne fillt een sech staark. Dëse Samschden ass de Lieblingskuscheldéier häerzlech an am Ku-Ki-Li-Co op eng Téi-Party agelueden (keng Suerg, wann’s de Téi net gären hues, et gëtt genuch aner Saachen). Mir leieren ewéi eng typesch Teiparty ofleeft (oder komplett falsch ofleeft!) an da gëtt et och nach eppes Klenges fir ze jicken.

Mam Leslie Fischbach

 

A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Ein Flyer des Ku-Ki-Li-Co Programms der EwB.

Weider Terminer:

Verpasst och net:

Datum:07.10.2023Zäit:10:00 bis 11:30 AuerUmelle bis:04.10.2023Entrée:Mir schloen een 5€ Don vir, mee Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt.Adress:Erwuessebildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LUZielgrupp:Fir Kanner vu 5 bis 7 Joer + eng Begleetpersoun