Eventer

Low- an Zero-Energy Architektur

Info-Owend mat der Architektin Jill Ries

D’Jill Ries ass eng jonk Architektin déi zu Bréissel (BE) op der Université Libre de Bruxelles souwéi zu Seoul (KOR) op der Sungkyunkwan University studéiert huet an aktuell säit iwwert engem Joër bei A+Architecture zu Dikrech täteg ass. Schonn säit hirem Studium beschäftegt an interesséiert si sech fir méi Nohaltegkeet am Bausecteur. Hier Masteraarbecht huet si iwwert Relatioun vun erneierbaren Energien an Architektur souwéi d’Energieperformance geschriwwen, a mat hirem Design een Concours (“Rammed Earth House”) an Slowenien gewonnen.

Um Info-Owend iwwert Low Energy an Zero Energy Architektur wäert si iwwert hier Recherchen a bishereg Erfarungen an dësem Beräich schwätzen. Dës weideren wäert si unhand vun konkreten Beispiller een kriteschen Bléck op dëst Thema werfen an d’Schwieregkeeten vun den ëmmer méi opkommenden Energielabelen erklären.

Entrée: Mir proposéieren 15€, Dir gitt, wat Dir fir ubruecht haalt.
Datum:21.06.2023Zäit:18:00 bis 19:30 AuerUmelle bis:18.06.2023Entrée:15 €Adress:ErwuesseBildung

5, av. Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU