Eventer

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren

ewb-gesellschaft

Filmvirféierung & Diskussioun

Den 28. Februar weise mir de Film “Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren” an der EwB.

Virun der Filmvirféierung ginn den Tom Alesch, Regisseur vum Film a Member vum Verwaltungsrot vun der EwB, an d’Dani Noesen, Direktesch vun der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg asbl a Produzentin vum Film eng kuerz Aféierung an d’Thematik an zum Film.

Nom Film gëtt et Raum an Zäit fir eng Diskussioun. Déi aktuell Lag vun der Biolandwirtschaft weist, dass d’Politik bis elo nach weit vum Ziel, bis 2050 all déi lëtzebuergesch Betrieber op Bio ëmzestellen, entfernt bleift.

Déi rezent Demonstratiounen an zuelräichen EU-Länner beleeën ausserdeem, dass d’Biolandwirtschaft gemeinsam mat konventionelle landwirtschaftleche Familljebetriber ugesiichts der problematescher EU-Agrarpolitik ëm d’Iwwerliewe kämpfen. D’EU wëll hier Agrarpolitik elo strategesch nei denken. Dëse Film liwwert en Abléck an déi engagéiert Aarbecht an an d’Erwaardunge vun enger Rei Biobaueren hei zu Lëtzebuerg.

Ëm eng Aschreiwung gëtt gebieden: info@ewb.lu.

Méi Informatiounen zum Film fannt Dir hei.

 

 

Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren
Datum:28.02.2024Zäit:19:00 AuerEntrée:gratisAdress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LU