Eventer

Wat ass Glawen?

ewb-gesellschaft

Am Kader vun der Fachtagung «Gott a Radikalisierung», déi respect.lu vum 8.–9.11. organiséiert, schwätzt eis Programmkoordinatrice Nora Schleich iwwert de Glawen u sech. Wat ass iwwerhaapt Glawen? Wat muss Glawe leeschte kënnen a wéisou ginn et Momenter, wou de Mënsch e braucht? Vläicht ass Glawen eng subjektiv Orientéierungssich, déi och mol instrumentaliséiert gi kann, oder bis an d’Extreemt déklinéiert.

Kënne mir iwwerhaapt liewen, ouni drun ze gleewen, dass mir muer erwächen? Oder dass et eng Zukunft gëtt? Vun engem selwer, vum ganze Mënschegeschlecht? A wéini gleewen ech léiwer, well et méi einfach ass, wéi de Vide auszehalen, dee sech och deelweis opdeet, wann ee mierkt, dass een eigentlech ni sécher «weess», mee virun allem unhëllt ze «wëssen»?

Et wäert een Optakt vun der Fachtagung sinn, deen Iech a verschidde philosophesch Gedankegäng invitéiert a virun allem d’Konzept vum Glawe kann aus méi Perspektiven betruechten deet.

Datum:08.11.2023Zäit:09:45 bis 10:30 AuerEntrée:freiAdress:IFEN – Institut de Formation de l’Education Nationale à Esch-BelvalSprooch:LU