News

Assemblée générale 2023

05.07.2023

Den 30. Juni 2023 huet de Präsident Pit Péporté déi circa 30 Membere vun der Assemblée Générale souwéi Mataarbechter*innen a Benevoller vun der EwB begréisst. Jiddereen war am Uschloss un d’AG och op d’Summerfest agelueden. D’EwB huet déi defizitär Joren hannert sech gelooss a konnt 2022 wéi och schonn 2021 mat engem Plus ofschléissen. E besonnesche Merci gëllt eise Konventiounspaartner – dem Bildungsministère, der Staat Lëtzebuerg, dem Digitaliséierungsministère an dem Bistum fir seng laangjäreg Ënnerstëtzung vun den EwB Aktivitéiten – souwéi natierlech eise ville Benevoller.

 

Kuckt Iech d’Fotosgallerie zu dësem Owend un: