Tabu Thema: Demenz an déi wäiss Trauer
28.11.2024Ufank November 2024 huet d’EwB a Kooperation mam Info-Zenter Demenz an der Association Luxembourg Alzheimer eng Table Ronde organiséiert, déi d’Tabu Thema “Demenz an déi wäiss Trauer” ugaangen ass.
Et hunn diskutéiert:
- Christine Dahm-Mathonet (Direktesch vum Info-Zenter Demenz)
- Claudine Wolff (Benevole an der Alten- a Krankepastoral)
- Marc Mausen (verwannt mat enger un Demenz erkrankter Persoun)
Moderatioun: Nora Schleich (Programmkoordinatorin EwB)
Dat ganzt Gespréich gouf opgeholl. Luusst bis eran:
Wann Dir Froen oder Umierkungen zur Table Ronde hutt, da mellt Iech gäre bei eis (nora.schleich@ewb.lu).
E puer Fotoen vum Owend:


