Events

D’Zänn an de Kierper. Eng wichteg Verbindung

ewb-gesellschaft

Een Austausch-Owend

D’Roll vun den Zänn an der ganzheetlecher Medizin

Jiddereen kennt de Sproch vum Juvenal: „Mens sana in corpore sano“ Gelt dat selwecht net awer och fir eis Zänn?

Am Sënn vun „Dens sana in corpore sano“ wëlle mir déi wichteg Plaz vun der integrativer Zännmedezin an engem ganzheetlechem Therapiekonzept duerstellen.

Obwuel di akut-medezinesch Versuergung am leschte Joerhonnert ëmmer méi un Efficacitéit gewonnen huet, ass an deenen 3 leschte Joerzingt d’Unzuel vu chroneschen Erkrankunge massiv an d’Luucht gaang.

Mir versichen an dësem Deel vun der Virtragsrei „Medezin an Ëmwelt am Dialog“ den Impakt vum Mondraum op eise Kierper ervir ze hiewen.

Wei eng Roll  kann den Zoustand vun den Haaptorganer aus dem Mondraum, ugefaang bei den Zänn, iwwert den Zahnhalteapparat, och Parodont genannt, bis déif an d’Kiferschanken eran, bei der Entwécklung vu chroneschen Erkrankunge spillen.

Nieft deenen mëttlerweil gutt bekannten Afloss vun „schlechten Zänn“ op Krankheete wei Diabetes, Rheuma oder kardio-vaskulären Erkrankungen, probéiere mir op eng, fir jiddereen, verständlech Aart a Weis, déi potentiell Wiesselwierkunge vu metaboleschen an neuro-modulatoreschen Stéierungen, ausgeléist duerch mikrobiologesch Dysbiosen, chronesch Entzündungen oder immunologesch Prozesser ausgoend vum Mondraum an hiren Zesummenhang mat der kierperlecher Gesondheet ze beliichten.

Dir wäert gesinn firwat, am Fall vu chroneschem Kappweih, Oureweih, Reckwéih, Problemer ouni spezifesche Grond an den Extremitéiten, Verdauungsstéierungen oder Middegkeet, Ären Zänndokter oder Är Zänndoktesch och consultéiert sollt ginn.

Referent: Dr. Georges Biltgen

 

Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Datum:04.11.2026Zeit:18:30 bis 20:00 UhrEintritt:gratisAdresse:EwB asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Scente asblSprache:LU