Scente.lu – Medizin & Ëmwelt
Een Austausch-Owend
Wisou d’Gesondheet mam Baussen a mam Bannen ze dinn huet
Déi funktionell Medezin stellt e patientenzentréierten Usaz duer, deen sech mat den Ursaache vu Krankheete beschäftegt, amplaz primär d’Symptomer ze behandelen. An dëser Introductioun wäerten déi zentral Prinzippie vun der funktioneller Medezin virgestallt. Dorënner déi individuell Biochimie, d’Bedeitung vun de Liewensstilfaktoren souwéi d’Wiesselwierkung tëschent Genetik, Ëmwelt an Ernärung. Ee besonnesche Fokus leit op der Fro „Wat mécht eis krank?“ a beliicht chronesch Entzündungen, Stress, Dysbalancen am Mikrobiom souwéi metabolesch Stéierungen als wesentlech Aflëss vu moderne Krankheeten. D’Zil vum Virtrag ass et, ee grondleeënd Verständnis fir d’Denkweis vun der funktionelle Medezin ze vermëttelen an nei Perspektive fir Präventioun an Therapie opzeweisen.
Referent: Dr. med. J. Diederich, M.Sc.
Dr. Diederich, Generalist, spezialiséiert a klinescher an zahnmedizinescher Ëmweltmedizin, Ernärungsmedezin, Metalltoxikologie, Infektiologie sowéi funktioneller a präventiver Medezin.
Hien ass Member vu verschiddenen Veräiner, ënnert anerem President vu „scente a.s.b.l.“ a Kommiteesmember vun der „Europäischen Gesellschaft für klinische Umweltmedizin„.
Dësen Owend ass Deel vun enger längerer Rei zum Thema Medezin & Ëmwelt, virgestallt vun der Scente asbl. An der EwB leeë mir grousse Wäert op Gespréich an Austausch op Aenhéicht. Dir sidd dofir häerzlech invitéiert, fir mat eis iwwert déi virgestallten Themen ze diskutéieren, Froen ze stellen, kritesch ze sinn – a virun allem, dat gemeinsam unzegoen.

Weider Owenter aus der Rei „Medezin & Ëmwelt am Dialog“:
- 04.11. D’Zänn an de Kierper. Eng wichteg Verbindung
- 25.11. Mental Health an Depressioun
- 16.12. Zännmedizin nei denken
- 13.01. Chronesch Entzündungen an Infektiounen
- 27.01. Ernärung als verstoppte Basis
- 10.02. Baubiologie haut: Méi wéi Schimmel
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:Scente asblSprache:LU




