Events

GottesHaiser um Wee

Pilger- a Wanderweeër kréien ee besonnesche Reiz wa Kierchen a Kapellen ënnerwee zu enger Halt invitéieren. Gäre ginn d’Leit hei eran a gënne sech e Moment vu Stëllt. Si sinn offe fir dat, wat si hei entdecke kënnen. De Raum erméiglecht Begéignung: mat sech selwer, mat aneren, mat Gott.

Referentin: Christiane Kremer-Hoffmann, Thelogin, zesumme mat Kiercheguiden.

PROGRAMM

  • Treffpunkt op der Clierfer Gare. (géint 10 Auer)
  • meditativ Visite vun der Loreto Kapell,
  • Fousswee bei d’ Abteikierch,
  • Mëttegiessen an der Abtei,
  • Visite vun der Parkierch St. Kosmas und Damian,
  • Fousswee bei den Hubertusfiels.
  • Retour op d’Gare (géint 17 Auer)

 

De Wee ass ongeféier 5 km laang, zum Deel Bëschweeër, mat e puer Steigungen.

Datum:07.10.2023Zeit:10:00 bis 17:00 UhrEintritt:12 € fir d'Mëttegiessen (et gëtt op der Plaz bezuelt)Adresse:ClervauxIn Zusammenarbeit mit:Centre de Formation Diocésain Centre Jean XXIIISprache:LU