Eventer

Ku-Ki-Li-Co : Ech hu mech gären

ewb-familien

Ee Samschdegmoie fir d’Kanner iwwert Thema: Stäerkten an ënnerlech Schätz

D’Rentrée ass net ëmmer einfach, heiansdo kraazt dat eent oder anert um Ego an et fillt een sech ganz kleng a verlooss. An dësem Atelier liese mir Geschichten iwwer Meedercher a Jongen déi iwwert sech erauswuessen a mir Bastelen eng Schatzkaart, déi eis un eis Stäerkten erënnere soll.

Mam Leslie Fischbach

 

A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.

Datum:23.09.2023Zäit:10:00 bis 11:30 AuerUmelle bis:20.09.2023Entrée:Mir schloen een 5€ Don vir, mee Dir gitt, wat Dir kënnt a wëllt.Adress:Erwuessebildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.luSprooch:LUZielgrupp:Fir Kanner vu 5 bis 7 Joer + eng Begleetpersoun