Eventer

Palliativkultur – fir e Liewensenn a Würd

ewb-gesellschaft

Eng Table Ronde zu engem Tabu-Thema

Krankheet? Doud? Stierwen? – Dat si keng Themen, iwwer déi een onbeschwéiert schwätzt. Heiansdo këmmert een sech och léiwer net ze vill dorëm. Mee et kommen awer Momenter am Liewen, do ass et onëmgänglech. Vläicht gëtt een, deen eis nosteet, ee Familljemember, schwéier krank, vläicht mir selwer, a wéi kann een dann déi lescht Momenter am Liewe gestalten, sou dass Autonomie a Würd vum Mënsch beuecht ginn? 

Wat heescht dat, eng Pfleeg ze garantéieren, wou d’Persoun an hir Wënsch am Mëttelpunkt stinn? Wien entscheet, wann déi betraffe Persoun selwer dat net méi kann? Wéi ginn Dokteren an Dokteschen domat ëm, wann se Patient*innen an dëser schwiereger Phas begleeden? A wat ass, wann de Wonsch, d’Liewen ze beendegen, am Raum steet?

Iwwert dës vill Froe schwätze mir um fënneften Owend vun eisem Tabu-Themen Zyklus, wou et ëm Palliativkultur – iwwert e Liewensenn a Würd geet.

Um Gespréich huelen ë.a. den Dr. Bernard Thill, d’Nicole Weis (Omega90), de Roland Kolber (Mäi Wëlle Mäi Wee) deel. Moderéiert vum Nora Schleich (EwB).

Ëm eng Umeldung gëtt gebieden, dëst iwwer info@ewb.lu bis den Dag selwer.

Tabu Thema Palliativkultur
Tabu Thema Palliativkultur
Date:28.03.2024Time:18:15 till 19:45 o`clockRegister Until:28.03.2024Entry:D’Entrée ass fräi, iwwert ee klengen Don freeë mir eis.Location:ErwuesseBildung asbl

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luLanguage:LU