Eventer

Vernissage – Ausstellung Seydina Issa Mbaye

ewb-gesellschaft

De Kënschtler Seydina Issa Mbaye präsentéiert seng Wierker ab dem 10.6.–10.7.23 an der ErwuesseBildung. Seng Konscht weist afrikanesch Landschaften a Personnagen, heiansdo abstrakt an heiansdo ganz konkret – virun allem awer: voller Faarf a Liewen.

Op der Vernissage den 10. Juni um 1 8 Auer erzielt de Kënschtler iwwert säi Land de Senegal a seng Konscht. Dozou bréngt hien senegalesescht Snacks a Gedrénks mat – fir all d’Sënner ass deemno eppes dobäi!

Seydina Issa Mbaye
Datum:10.06.2023Zäit:18:00 AuerEntrée:FräiAdress:ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Informatioun:info@ewb.lu