Events

Krixkrax–Ausstellung: Opening/ Vernissage

ewb-familien

Den Optakt fir d’Billerbuch-Ausstellung vum Buchpräisgewënner Krixkrax 

An der ErwuesseBildung bidde mir Kënschtler ee Raum an d’Geleeënheet fir hier Wierker auszestellen, sief et am Beräich Fotographie, Molerei oder an dësem Fall: eng Billerbuch-Ausstellung.

Vum 10. Januar u kann ee wärend 2 Wochen d’Wierk Krixkrax, geschriwwe vum Marc Weydert a mat Zeechnunge vum Patty Thielen (erausgi vum Perspektiv Verlag), an der Stad bewonnere kommen.

Mat iwwer 20 Tabloen a Concept-Art, den de Prozess vum Billerbuchzeechnen weist, begleet d’EwB Interesséierter a virun allem Famillen, op eng Rees duerch dëst Lëtzebuerger Kannerbuch, a bitt d’Méiglechkeet d’Originalbiller an d’Geschicht mat aneren An unhand vun ureegende Féierungen, Liesungen a Workshops ze erliewen.

Den Ufank mécht de Vernissage den 10. Januar ab 17.00, wou mir Iech häerzlech alueden, fir mat de Kënschtler duerch d’Ausstellung ze goen.

Datum:10.01.2026Zeit:17:00 UhrEintritt:FreiAdresse:EwB | ErwuesseBildung

5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 Luxembourg
Information:info@ewb.luIn Zusammenarbeit mit:A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.