Nouvelles

Assemblée Générale 2024 & Summerfest

20.06.2024

De 14. Juni 2024 huet de Präsident Pit Péporté d’Membere vun der Assemblée Générale souwéi Mataarbechter*innen vun der EwB begréisst. D’EwB kann sech iwwert e relativ gutt Joer 2023 freeën. Dëst opgrond vun engem interessanten a villsäitege Programm, dee gemeinsam vun der Equipe virgestallt gouf, an engem positive Resultat vu 15 792 €. De Präsident bedankt sech bei de Membere vun der ASBL, bei de Kooperatiounspartner, bei der Equipe a bei deene ville Benevoller.

De Conseil d’Administration fiert a senger momentaner Konstellatioun déi nächst 2 Joer (2024 – 2026) virun. Nëmmen de Pit Bouché muss sech aus zäitleche Grënn zréckzéien, bleift awer Member vun der ASBL.

Am Programm 2024–2025 fannen sech besonnesch vill nei Elementer an Zesummenaarbecht mam Eltereforum. Zum Beispill e Rhythmik-Workshop fir Kanner, e Billerbuchatelier (0–3 Joer) an e Lieshondprogramm. Donieft gehéieren ënner anerem e Philocafé am Le Bovary, eng Weiderféierung vum Tabuthemen-Zyklus, nei Expoen, eng Conférence-Débat iwwer sozial Ongerechtegkeet a Bildung/Schoul an hier Alternativen zu eisen Aktivitéiten.

Douzou kommen zwee Projeten, déi vun der Œuvre ënnerstëtzt ginn, nämlech « Sapere Aude 2.0 », e gesellschaftspolitischen a -philosophischen Programm vun der EwB, a « Flora fabulosa », e Projet iwwert Biodiversitéit an Zesummenaarbecht mam Charlotte Reuter a Claudine Furlano.

D’Ännerunge vun den EwB Statuten no der Aféierung vum neien ASBL Gesetz steet héchstwarscheinlech bei därer nächster regulärer AG 2025 oder an enger extraordinärer AG um Programm.

Zum Ofschloss goufen all Memberen, d’Equipe an d’ Benevoller zum Summerfest agelueden. Opgrond vum Reen huet dëst net wéi gewinnt dobaussen, mee am grousse Sall vun der EwB stattfonnt. Mir haten e ganz gesellegen a schéinen Owend. Merci!