Nouvelles

Bildungsmount Mäerz 2026

05.02.2026

De Mäerz steet an der EwB am Zeeche vun der Bildung. Mir beschäftegen eis ee Mount laang verstäerkt mat Themen, déi mat Bildung am wäite Sënn ze dinn hunn. Bilden, dat geschitt net just an der Schoul. Bilden, dat ass ee Prozess am Liewen, deen ni ophält, dee beschreift, wéi een sech als Mënsch an der Liewenswelt entwéckelt, zu senger Persoun gëtt an selwer „bildend“ gëtt.

D’Schoul an de sougenannte Bildungssystem gehéieren do natierlech dozou, wann och net exklusiv. Als wichteg Institutiounen an zentral Acteuren hunn si eng wichteg Funktioun mat vill Verantwortung. Fir dass och de Bildungssystem sech de Mënschen entspriechend weiderbilden a forme kann, mussen sech ëmmer nees am Spigel kucken.

Hei kënnt d’EwB an d’Spill. An insgesamt dräi Gespréichsronnen an dësem Mäerz hannerfroe mir eise Bildungssystem, froen eis och mol, wat Bildung ass, an dat alles am Austausch:

Was bedeutet es, heute Lehrkraft zu sein?

11.03., 18.00–19.30

Mit Nils Köbel (Professor für Soziale Arbeit an der KHS Mainz) und Noémie Laplanche (Schulpräsidentin École Fondamentale Hollerich)

Mehr erfahren…

Net gehéiert, net gesinn: Mental Gesondheet an der Schoul

19.03., 18.00–19.30

Léieren duerch Engagement: Konzept, Organisatioun & Moderatioun vu Schüler*innen vun der 2ième GSO aus dem LTEtt

Méi gewuer ginn…

De Schoulsystem: Ee System, deen trennt, ee System, deen eent?

25.03., 18.00–19.30

Mam Vera Dockendorf (Enseignante fir Däitsch a Vertriederin vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL) a mamAntoine Fischbach (Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire)

Méi gewuer ginn…

All des Events kënnen als Formation continue beim IFEN unerkannt ginn.

W.e.g. op d'Bild klicken fir de Flyer erofzelueden.