Info Lunch zum neien Asbl–Gesetz
Präsentatioun an Diskussioun vum neien Asbl-Gesetz mam Rapporteur Charel Margue
Am September trëtt dat neit Gesetz fir d’Asblen an d’Stëftungen a Kraaft. Vill administrativ Demarche gi vereinfacht, d’Rechtssécherheet gëtt gestäerkt an d’Transparenz a Koherenz gefërdert. Den associativen a karitative Secteur kritt also e méi moderne Kader – mee wat heescht dat genau? Wat gëtt geännert? Wéi eng Reegelungen a Prozedure si wichteg gutt ze kennen?
De Rapporteur vum Gesetz, Charles Margue, invitéiert Iech zesumme mat der EwB, fir den Info-Lunch zu dësem Thema. Dat neit Asbl-Gesetz wäert präsentéiert an diskutéiert ginn, Raum fir Froen ass virgesinn.
E Mëttesnack a Gedrénks gëtt och ugebuede – mellt Iech dofir am Virfeld un: info@ewb.lu
De Gesetzestext fannt Dir hei.
5, avenue Marie-Thérèse
L-2132 LuxembourgInformation:info@ewb.luLangue:LU