Nouvelles

Schoul – an hir Alternativen

18.04.2025

Dëst Joer (2025) hu mir de « Bildungsmonat März » lancéiert. Deel dovun war eng Table Ronde zum Thema « Schoul – an hir Alternativen ». Et goung ëm villes, nämlech ëm Formen, Modeller, Iddien, wéi eng Ausbildung ausgesi soll a kann. Den traditionelle Schoulsystem gëtt et jo eigentlech net méi, oder dach? Alternativen dozou etabléieren sech, mee ginn deelweis awer nach ëmmer als Ausnam gehandelt. Mee wat ass dann eigentlech d’Roll vun der Schoul? Wien entscheet, wat se ze leeschten huet? Si mer do politesch ënnerwee, oder sträife mer och aner Beräicher? A geet dat net och anescht?

Diskutéiert hunn:

  • Johny Diderich (Selbstbestëmmt Bildung)
  • Philippe Demart (Lycée Ermesinde)
  • Manou Worré (ZpB, Léieren duerch Engagement)
  • Luc Weis (Script)

Moderatioun: Nora Schleich (EwB)

Kuckt Iech de Video vun der Table Ronde elo un:

Dëst Event hu organiséiert a Kooperatioun mat: