Liz Lambert
07.04.2023Master an der Reliounswëssenschaft, huet zum Säkulariséierungsprozess a Lëtzebuerg gefuerscht, Fotokënschtlerin. Säit 2023 fir d’Kommunikatioun vun der EwB verantwortlech.
Master an der Reliounswëssenschaft, huet zum Säkulariséierungsprozess a Lëtzebuerg gefuerscht, Fotokënschtlerin. Säit 2023 fir d’Kommunikatioun vun der EwB verantwortlech.
Eisen neie Bulletin ass do. Dodra fannt Dir all d’Course, d’Eventer an d’Ateliere fir déi kommend Méint (September bis Dezember 2024). Am Oktober gi mer der Fro no, wéi Propaganda mat Hëllef vu Comics verbreet kënne ginn a mir stellen eis dem Tabu-Thema Demenz. Ausserdeem geet eise Philo-Café an eng nei Ronn a mir starte mat eisem Philo-Workshop zum Thema „Kritisches Denken – Skeptizismus“. Och eise Familljeprogramm „Growing together“ huet villes ze bidden. Eisen neien Highlight: d’„Lieshond“-Aktivitéiten. Net ze vergiessen ass natierlech eis i-Stuff, déi mat engem prall gefëllte Programm op Iech waart. Vill Spaass beim Duerchbliederen!
Dir kënnt Iech de Bulletin och Heem liwwere loossen. Schéckt eis einfach eng E-Mail op info@ewb.lu oder rufft eis un. D’Telefonsnummer ass 44743 340.