Neiegkeeten

Ouverture vum Bicherzelt

02.05.2023

Leschte Samschteg hu mir d’Ouverture vun eisem Bicherzelt am Bannenhaff vun der Kathedral gefeiert. Mir waren iwwerwältegt vun de ville Leit, déi do waren an e gesellege Moment mat eis verbruecht hunn – villmools Merci dofir!

Besonnesch gefreet hu mir eis och iwwert d’Presenz vum Kardinol Jean-Claude Hollerich, der Oktavpriedegerin Renée Schmitt an der Buergermeeschtesch Lydie Polfer.

Eist Bicherzelt ass bis de 14. Mee all Dag vun 9 Auer bis 18:30 Auer op. Kommt bis laanscht a stöbert an eiser grousser Selektioun u Bicher zu ganz diversen Themen.

Méi Infomatiounen zum Bicherzelt an zu den Eventer, déi mir an a ronderëm d’Bicherzelt organiséiert hunn, fannt Dir hei.