Neiegkeeten

“Eco-Pellegrino” – Ee Projet vum Joel Scheitler

25.04.2023

Och an dësem Joer si mir als ErwuesseBildung mat eisem Bicherzelt am Bannenhaff vun der Kathedral een Deel vun der Oktave. Bei eis steet dëst Joer d’Thema Pilgeren am Fokus.

Niewend Bicher zu dëssem Sujet hu mir och Eventer organiséiert, déi sech domat befaassen. Eent dovun ass ee Virtrag mam Joel Scheitler zu sengem Häerzensprojet “Eco-Pellegrino”. Hien ass schonn e puer mol de Jakobswee gaangen an huet dobäi lénks a riets Dreck opgeraf. Wandere mat Ëmweltbewosstsinn!

Wéini? De 9. Mee vun 14 bis 15 Auer am Pilgerzelt, am Bannenhaff vun der Kathedral.

An dëssem Video kritt Dir een éischte Virgeschmaach op de Virtrag. Lauschtert a kuckt eran!

Dat Thema interesséiert Iech? Dir wëllt méi dozou gewuer ginn an/0der mam Joel Scheitler doriwwer diskutéieren? Da mellt Iech séier un!