Neiegkeeten

Treffen Aarbechtsgrupp Naturverbonnenheet an Nohaltegkeet

21.02.2023

Aquaponics, Solarenergie an Repair-Café

D’Aarbechtsgrupp Naturverbonnenheet an Nohaltegkeet huet sech nees getraff:

  • Kee ShowerLoop am Moment

Mir hunn de Projet Showerloop no hanne gestallt, et sinn einfach zevill komplex Schrëtt, déi mir de Moment als klenge Grupp net realiséiere kënnen. D’Iddi behale mer awer am Hannerkapp.

  • Hydro- an Aquaponics

Den Oli huet sech fréier scho vill mat Hydroponics a rezent och méi mat Aquaponics beschäftegt. (Aquaponik ist ein Verfahren, das Aquakultur (Aufzucht von Wassertieren wie Fischen, Krebsen, Schnecken oder Garnelen in Becken) mit Hydroponik­ (Kultivierung von Nutzpflanzen im Wasser, z. B. Gemüse oder Kräuter) koppelt.)

Et gëtt ee Waasserkreeslaf installéiert, deen mat den Exkrementer vun de Fësch d’Nährstoffer liwwert, fir de Wuesstëm vu Planzen genotzt ginn. Dës Iddi ass am klenge schon als Prototyp ugeduecht ginn. De Grupp war interesséiert dorun, de Projet ëmzesetzen: Di richteg Plaz hunn mer schon (do ass ee Weiher mat Fësch, Stroum an genuch Plaz fir de System).

An der EwB treffe mer eis, fir ze konzeptualiséieren. Mir ginn op de Fëschhaff kucken, wou se schon dëse System am grousse Stil hunn – an dann baue mir et zu Eesbech no. De Paul këmmert sech ëm ee RV um Fëschhaff, dat gëtt eis nächst Etapp!

  • Solarenergie an Do – it – yourself:

No eisem Info-Owend wäert de Marcel weider “Workshops” ubidde fir Balkonsolaranlagen ze bauen. Hien kann an deenen Atelier Froen zum Funktionnement generell, zum Zesummebauen an och iwwer Primmen etc. beäntweren – ee richtegen Atelier a Labo 😊 Eischt Etapp: Den Info-Owend (15.3. – meld Iech un)!

  • Repair-Café an E-Vollkabinenfahrrad | Eng Retrospektiv vum Mister Upcycling Michel Heftrich

Notéiert an de Kalenner: den 16.6. mécht den Michel Heftrich, ee vun deenen éischten, dee sech mam Theema Repair Café zu Lëtzebuerg beschäftegt huet, op senger Reess mam selwer gebautenen E-Vollkabinenfahrrad halt an der EwB. Hien leet op sengem Trajet 5500 km zeréck (vu Wien aus start hien) a besicht eng ganz Reih Repair Cafés. An der EwB wäert hien säin E-Vollkabinenfahrrad virstellen souwéi och eng Retrospektiv vu sengen Erfarungen am Upcycling, Gemeinwohlekonomie an Repair-Café virstellen. Hien huet elo am Burgenland (Eisterräich) de Repair-Café lancéiert an en neien Projet gestart. Den 16.6. fënnt dann och ee Repair-Café an der EwB statt (Start: 16h00). Bréngt Är futtis Saache mat, oder kommt als Reparateur, mir géifen eis freeën – Umelle bei mir! (Et wäert och nach online gestallt ginn).

Méi zum Michel senger Tour: https://repairs-for-future.eu/das-vollkabinenfahrrad/?fbclid=IwAR3vBLXyHA_k7hapBHJnJt2gKO_CBiqzRS6MlSoXFDLTqRiRlFrjJNyOFKY

  • Eco-Pellegrino Joel:

Dofir war haut keng Zäit méi 😉 Mee d’Iddi, Wanderen an Ëmwelt-Botzen ze verbannen, huet bei jidderengem sënnvoll an uspriechend geklong. Mir ginn där Saach dann eng nächste Kéier no 😊

 

Also MERCI fir dës super nei Inputs an Är Tatkraft, schéin, dass d’AG motivéiert ass 😊

 

A fir all déi, déi haut net konnten: Mir fixéiere geschwënn en neien Datum an plangen dann weider!